Den Donneschden Owend, 03. Oktober, hunn d’Schüler/innen vun der 1BC d’Ergebnisser vun hirem Projet Scientifique am Festsall presentéiert. Nieft detailléierte Präsentatiounen zu interessanten Themen aus der Biologie, der Physik, der Chimie an der Mathematik, krut d’Publikum och en Abléck an den Oflaf vum Projet Scientifique, deen aus Workshoppen am Lycée besteet, ergänzt duerch d’Aktivitéiten um Voyage Scientifique. De Voyage hat d’Schüler/innen dëst Joer an de Süde vu Frankräich bruecht, wou si ënner anerem zu Montpellier an Toulouse aktiv waren. Dass si dobäi och e ganze Koup Spaass haten, konnt een däitlech beim Film, wou si iwwert hier Rees gewisen hu, feststellen ! Fir d’éischte Kéier, gouf bei dëser Soirée Scientifique och de Publikum aktiv mat agebonnen : Bei engem Kahoot konnt jidderee selwer teste wéi vill en u neiem Wësse mat heem hëlt. Och de Mr. Science vum FNR huet sech des Soirée net entgoe gelooss ! Mam neie Schouljoer steet déi nächst 2BC an de Startlächer fir hire Projet Scientifique. Rendez-vous an engem Joer fir vun hiren Aventuren ze héieren !
Fotogalerie