LRSL Green Days 2025
Am Kader vun den “Green Days 2025” huet d’ SDK Akademie Mëtt Februar fir d’ 7e Klassen Aktivitéiten proposéiert, sou den Atelier „Mäi Bäitrag zum Erhalen vun de Ressourcen“, fir déi Jugendlech fir e verantwortleche Konsum vun Ressourcen ze sensibiliséieren. Duerno huet de Circular Lab Statioun am Schoulhaff vum LRSL gemaach, wou d’ Schüler d’ Prinzippien vun der kreesförmeger Economie duerch interaktiv an immersiv Erfarungen entdecke konnten.
Ofschléissend hunn d’ 7en en Visitt am Centre de Tri vun der Superdreckskëscht zu Colmar-Bierg gemaach, wou si geléiert goufen hiren Offall ze zortéieren, fir dass d’ Ressourcen kënne recycléiert ginn.
D’ 6èmes Klassen haten dëst Joer d’ Geleeënheet, déi fonkelnei Waasseropbereedungsanlag vun der SEBES den 10. an 12. Februar besichen ze goen. Dobäi kruten si bei der Visite “Eist Drénkwaasser – vun der Natur an de Krunn” en Abléck an den Opbau an d’ Fonctionnement vun der Anlag.
Weiderhin konnten d’ Schüler sech bei interaktiven Kaarten an Filmer en Iwwerbléck iwwert eis Drénkwaasserversuergung verschafen bis si zum Schluss dann och selwer d’ Waasserqualitéit konnten testen. Als Ofschloss gouf et dann och nach e flotten Souvenir a Form vun enger Drénk Fläsch déi dann an der Schoul all Dag mat frëschem Waasser aus der SEBES gefëllt ka ginn.
Fotogalerie 7e
Fotogalerie 6e