Actualités & Activités

AA1B7A10-A75B-424A-A0DC-D5E78A92477A
Publié le 08.07.2026

ReCandle du LRSL - 3e Prix du concours My First Enterprise

My First Enterprise est un concours, organisé en partenariat avec la JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg), qui s'adresse aux élèves de classe de 4e. L'idée est de créer sa propre petite entreprise et ainsi d'apprendre le monde de l'entrepreneuriat. Le LRSL avait cette année 3 My First's : Golden Gift (production de miel), ReCandle (production de bougies en verre à base de matériaux recyclés) et Fruitylicious (production de snacks chocolatés à base de fruits confits). Nos My First's ont été encadrées par Mme Mireille Lux et M. Laurent Geimer. ReCandle et Golden Gift se sont qualifiées parmi les 12 meilleures My First's (sur un total de plus de 100 entreprises!) et ont participé ce mercredi 17 juin à la finale du concours nationale qui a eu lieu dans les locaux de Deloitte. Chaque My First a eu droit à son "Pitch Deck" de 4 minutes pour persuader le jury de son idée et de son entreprise. ReCandle - avec Lilith (4CL1), Soraia et Anida (4C5) - ont réussi à obtenir le 3e prix lors de cette finale nationale! Félicitations aux lauréates! Leur idée d'entreprise a coché toutes les cases de l'ère du temps pour convaincre le jury : très bonne présentation qui a fait ressortir les dimensions écologique (produits recyclés), économique (entreprise rentable) et sociale (atelier de production avec des vieilles gens) de leur projet. Le LRSL tient aussi à féliciter Golden Gift, avec Enes, Iliass et Jan (4C4) pour leur "pitch" convaincant lors de la finale. Galerie photos

IMG 4249
Publié le 19.06.2026

Holzgau 2026

Vum 1. bis de 6. Juni waren 39 3e Schüler zesumme mat 6 Begleetpersounen zu Holzgau am Lechtal. An der impressionanter Bierglandschaft, direkt um Floss Lech, hunn d’Schüler eng flott an ofwiesslungsräich Woch mat ville sportlechen a kreativen Aktivitéiten erlieft. Um Programm stounge Wanderungen duerch déi schéi Natur, Touren mam E-Mountainbike an entspaant Yoga-Sessioune mat engem herrleche Bléck op d’Bierger. Vill Action gouf et beim Rafting um Lech an och am Boot Camp, wou d’Schüler hir Ausdauer a Motivatioun ënner Beweis gestallt hunn. Besonnesch beléift waren och d’Kloteraktivitéiten: vum Kloterpark bis hin zur Via Ferrata fir déi, déi sech un eng extra Erausfuerderung wollte woen. Nieft de sportlechen Aktivitéite goufen och verschidden Atelieren ugebueden. D’Schüler konnten hir éischt Téin oder souguer Lidder op der Guitar spillen, am Videoatelier kreativ ginn an an der Kichen aktiv mat upaken a bei der Kräuterhexe eppes iwwer Kräider an hier Wierkunge léieren. Ausserdeem haten interesséiert Schüler d’Méiglechkeet, déi lokal Brennerei Lechtaler Haussegen ze besichen an méi iwwer d’Produktioun vun de regionale Spezialitéiten ze léieren. Si waren och bis an Däitschland an hunn en  Ausfluch op Schwangau gemach. Wärend eng Grupp sech an de Wellness- an Thermalbieder entspaant huet, huet déi aner dat weltbekannt Schlass Neuschwanstein besicht. Och Owes gouf et ni langweileg, ënnert anerem haten puer Schüler en immens flotte Quiz organiséiert an et gouf och een Owend e Lagerfeier gemach. No sechs intensiven Deeg voller Sport, Abenteuer a flotte gemeinsame Momenter sinn all Participanten mat villen Erënnerungen nees heem gefuer. Fotogalerie

Evènements à venir

Ce qui peut vous intéresser

Lycée Robert Schuman

Lire la vidéo