Classes découvertes


Eisen Pilotprojet “classes découvertes” gëtt ët sait der Rentrée 23/24 a gestart sin mer deemools mat enger 7ème vun 24 Schüler. Aktuell hunn mer eng 7e an eng 6e découverte.

D’Classe découverte bitt de Schüler eng nei Approche fir ze léieren. D’Schüler verloossen reegelméisseg hire Klassesall an de reguläre Cours’en fir ausserhalb vun der Schoul hiert Wëssen unzewenden an ze verdéiwen.

De schoulesche Programm ass dovunner awer gréissten Deels net betraff, esou dass d’Schüler déi normal Schoulprogrammer absolvéieren an duerch Invitéen, Ausflich an eng aner Approche zousätzlech gestäerkt solle ginn.

Esou ginn och all Trimester déi zwee lescht Deeg pedagogesch Ausflich ënnerholl. D’Schüler deconnectéieren sech zwee Deeg vun hirem iPad an Handy fir „outdoor“ Aktivitéiten am Bësch. All d’Fächer huelen un dësen deconnectéieren Deeg deel, an d’Participatioun ass fir all d’Schüler vun de Classes découvertes obligatoresch.

Hei e puer konkret Beispiller vun Aktivitéiten déi op der 7e, respektiv 6e découverte schons alles gemaacht ginn sin:

  • „Meng Klass – een Team“: Openthalt am Mariendall während zwee Deeg fir sech am Ufank vum Schouljoer besser kennenzeléieren an och den Teamgeescht an den Zesummenhalt an der Klass ze stäerken.
  • Openthalt vun 3 Deeg um Misärshaff wou pädagogesch Aktivitéiten am Mëttelpunkt stoungen, wéi z.B. d'Liesen vun Déierenspueren am Bësch, dobaussen Zeechnen op Basis vu Beschreiwungen an engem däitsche Text, zesumme Kachen oder gemeinsam Spiller.
  • Visiten vun Entreprisen: SuperDrecksKescht, Kass-Haff
  • Visiten vun Muséen: Naturmusée, Science Mobil
  • Fotorallye duerch d’Stadt
  • Schlittschong fueren goen
  • Visite am Mariendall
  • Théater: D’Schüler ginn net nëmmen zesummen Theaterstecker kucken, mee léieren am Laf vum Joer och selwer en klengt Theaterstéck ze schreiwen an op d’Bühn ze bréngen.
  • Filmer: D’Schüler léieren kleng Kuerzfilmer selwer schreiwen an oofzedréinen. Dëss ginn dann z.B. um Chrëschtmaart gewisen.
  • 2025 huet d’7e fir d’éischte Kéier och um LuxFilmFestival als Schülerjury deelgeholl, eng Erfahrung déi hinne gewisen huet, wéi ee Filmer analyséiert a bewäert an hinnen d’Méiglechkeet ginn huet, méi déif an der Filmwelt anzetauchen.

Och d'Schoul dobausse spillt eng wichteg Roll. Am Schoulhaff ginn Aktivitéiten an de Fächer wéi Mathematik, Däitsch oder Franséisch ugebueden, fir d'Léierëmfeld variéiert an dynamesch ze gestalten. Ee mol am Mount gin d’classes découverte e ganzen Daag an de Bësch. Hei probéiere mir schoulesch Inhalter op méi eng spilleresch Art a Weis ze vermëttlen

Fotogalerie