Logo ouni Background

  

Liesclub

Leedung: Isabelle Delbrassinne
 

All Donneschden um 14 Auer trefft sech den LRSL-Liesclub an enger gemittlecher Ronn an der Bibliothéik fir iwwert spannend Bicher ze diskutéieren. Vu Fantasy iwwer Krimie bis hin zu Grujelgeschichten: t’ ass fir jiddereen eppes dobäi! Mee do hält de Spaass net op, well mer nach vill méi maachen: mir laache vill, schwätzen iwwert Gott an d’Welt, iessen dobäi deen een oder aneren Snack, schreiwe selwer Geschichten a liesen se fir, zeechnen d’Protagonisten aus eise Bicher, invitéieren Auteuren a nach vill méi.

Kommt laanscht an iwwerzeegt iech selwer!
 

Wéini? Donneschdes, 14 Auer

Wou? An der Bibliothéik

Wat? Dat siche mir zesumme raus

Kontakt: