Schistage Eben im Pongau 2025
Vum 16. bis den 21. Mäerz ware 70 Schüler mat 8 Begleetpersoune fir e Schistage zu Eben im Pongau am Jugendgästehaus Lindenhof.
No iwwer 10 Stonne mam Bus goufe mir vun der Famill, déi de Lindenhof bedreift, immens häerzlechempfaangen. Vum Iesse bis bei d’Kummere war alles tipp topp ënnerhalen an et huet een sech direkt wuel bei hinne gefillt.
Den Dag drop ass et du richteg lass gaangen an d’Schüler goufe vun Ufänger bis Experten a 7 Gruppen agedeelt. De Monte Popolo, d’Schigebitt zu Eben im Pongau, gëtt vun de lokale Leit als „Heimberg“ bezeechent. Mat 6 km Pist ass et effektiv en immens kléngt Schigebitt, mee duerch dee bësse Neischnéi hate mir gutt Konditiounen, virun allem fir eis Ufänger.
Och eis Experte ware fir déi éischt Deeg gutt um Monte Popolo bedéngt. Si konnten op der rouder Pist a bei der Talabfahrt weise wat se drop hunn an et huet definitiv keen sech musse schummen.
Den 3. Dag waren dunn déi méi erfuere Schifuerer op Flachau, en anert Schigebitt wat a 15 Minutte mam Bus ze erreechen ass. Dëst Schigebitt ass bëssen eng aner Dimensioun an huet 210 km Pist.
De 4. Dag war jidderee prett fir op Flachau a mir haten en immens flotten Dag mat zimmlech gudde Konditiounen. Just Mëttes gouf et relativ waarm an de Schnéi war, wéi eenzel Schüler gesot hunn, éischter mat Granita ze vergläichen. Trotzdeem war et immens flott a mir hunn eis all gutt ameséiert a vun der Sonn profitéiert.
D’Schüler, déi nom Schifueren nach fit waren, konnten sech Owes an enger immens flotter Sportshal austoben. Anerer hu léiwer Kicker oder Dëschtennis gespillt, oder se hunn op hire jeeweilege Stäck fir bëssen Onrou gesuergt. Den 3. Owend konnten d’Schüler bei engem Quiz Owend hiert Wëssen ënner Beweis stellen. De leschten Owend duerften d’Schüler e bësse méi laang opbleiwen. Déi eng hu ganz gespaant e Fussballmatch gekuckt an déi aner konnten um Disco Owend beim Sangen an Danzen alles ginn.
Et war eng immens flott Woch déi deelweis mat wéineg Schlof verbonne war, mee dofir awer mat ëmsou méi flotten Erënnerungen.
Classe neige 2019/2020
Wéi schonn déi 10 Joer virdrun sinn mir och dëst Joer mat den Schüler vun 6e op Laplagne gefuer. Et waren 70 Schüler mat derbäi, an ënnert hinnen war och ee Gebuertsdagskand. Niewent 20 Stonnen Ski, goufen och aner flott Aktivitéiten proposéiert: Slackline, Karaoke, Schlittschong etc.
Classe de neige 2018/2019
La Plagne 1800
Classes neige am Ucpa zu La Plagne vum 13. bis den 18. Januar 2019. 63 Schüler vun eisen 6èmen an 6 Accompagnateuren.
Classe de neige 2016/2017
La Plagne 1800
Stage de Ski à l'UCPA La Plagne 1800 avec les classes de 6èmes du LRSL.
Classe de neige 2015/2016
La Plagne 1800
Och 2016 war den LRSL nees mat de 6èmes op La Plagne 1800 vum 10. bis den 15. Januar 2016.
Niewent 20 Stonne Ski vum Ufänger bis zum Expert stoungen eng ganz Rëtsch vu sportlechen Aktivitéiten um Programm, vum Schnéifussball iwwert Schlitt fueren bis zur Soirée Disco. Mir freën eis schonn ob 2017