F13

Grousse Kickertournoi

Description


Nodeems sech an all Gebai 2 Equippen placéiert hunn fir hir Schoul um Kicker Tournoi ze vertrieden war et virun der Fuesvakanz souwäit fir d ‘Final ze spillen. Dëst Joer gouf des nees bei eis am LRSL gespillt. 6 ganz ënnerschiddlech Equippen waren fir hir Schoulen am Asaz. 2 sinn der net ugetrueden.

Et goufe spannend Matcher an ganz knapp Resultater. Zum Schluss hunn sech den Lycée Michel Lucius géint eis Schuman- Schüler duerchgesat. De Pokal geet dann dëst Joer aus eisen Hänn un den LML -Félicitatioun un si. Op déi gutt zweet Platz koumen den Mathias an den Eric aus dem LRSL an di drëtt Platz hunn Sophie an Lisa aus dem LRSL sech gekroopt. Bravo!

Fotogalerie

 Retour aux articles