10 Joer Fairtrade

LRSL Fairtrade School - 10 Joer schonn!

Description


Fir dësen éischte ronne Gebuertsdag ze feieren, war am Fréijoer 2024 e Concours lancéiert ginn, fir den Design vun enger Etikett fir eng personaliséiert Tablett Schockela. Als Gewënner sinn de Pit Nickels an de Flynn Wintringer, alle béid vun der 7C2, mat jee 10 Tablette Fairtrade Schockela belount ginn.

Um Fairtrade Stand am LRSL kann een déi flott dekoréiert Tablette Mëllechschockela oder donkele Schockela fir 2 Euro d’Stéck kafen. Donieft gëtt et och nach e weideren Design mam Schrëftzuch « 10 Joer Fairtrade School LRSL », un deem déi ganz Klass 7C1 bedeelegt wor.

 

 Retour aux articles