ScienteensLab

Description


Am Kader vun den Travaux Pratiques an der Chimie an an der Physique waren Schüler vun der 3BC den 7. a 14. Juni am ScienteensLab vun der Uni Lëtzebuerg. 

Am Atelier "I've got the power" gouf mat Hëllef vu klengen Experimenter, Berechnungen an engem realistesche Plangspill probéiert erauszefanne wéi een am Beschte grouss Quantitéiten un Energie späichere kann, fir se zu deenen Zäite kënnen ze benotzen, wann se gebraucht gëtt. Dëst Thema ass am Kader vun der Energietransitioun zu erneierbare Quellen essenziell. 

 Retour aux articles