Projet 5e 2024 Logo

5e Projet 2024 «Move»

Description


Vum 19. bis den 21. Juni 2024 hunn dëst Joer erëm all eis 5e Schüler beim gemeinsame Projet matgemaach. An dësem dräideegege Projet goufen et néng verschidde Workshops, déi dëst Joer all ënnert dem Thema «Move» stoungen. All Workshop huet verschidden Aspekter vu Beweegung, Sport a Kreativitéit ofgedeckt an d'Schüler inspiréiert, sech ze beweegen an e gesonde Liewensstil ze fërderen. Zu all Workshop hu Schüler e klenge Film gedréit, fir ze weise wat se erlieft hunn.

Weiderliesen

 Retour aux articles