Table ronde zu den Europawalen

Description


De 4. Juni huet den LRSL an Zesummenaarbecht mam Jugendrot eng Table ronde zu den Europawalen organiséiert. D'Schüler vun allen 2èmen an der 3eA-LLCO si vun 10:00 bis 12:00 an der Aula zesummekomm, fir de Kandidaten nozelauschteren. Um Programm waren 3 Themen, déi d'Schüler sech am Viraus erausgesicht haten: D'Wunnengspolitik, d'Aarbechtswelt an de Konflikt am Noen Osten.

5 Deeg virun de Walen, war dës Table ronde fir d'Schüler déi perfekt Geleeënheet, Äntwerten op hir Froen ze kréien an sech eng besser Iddi doriwwer ze maachen, weem si hir Stëmme wollte ginn.

Merci un déi 12 Kandidaten, déi un eiser Table ronde deelgeholl hunn: Alex Rasquin (ADR), Martine Kemp (CSV), Kris Hansen (déi gréng), Alija Sulji? (déi Lénk), Jana Degrott (DP), Rick Oberweis (Fokus), Alain Herman (KPL), Michaela Morrisova (LSAP), Peter Freitag (Mir d'Vollék), Mathis Godefroid (Piraten), Samuel Moïse (Volt), an Alexandre Château-Ducos (Zesummen - d'Bréck).

 Retour aux articles