
Ausstellung iwwer de Waasserkreeslaf
Description
D’LRSL_Actionteam4future ass wéi ëmmer immens engagéiert. Si hunn iwwer d’Waasserverwaltung eng flott Ausstellung iwwer de Waasserkreeslaf organiséiert. Dës Expo ass vum 23. Oktober bis den 13. Dezember virun eisem Festsall a liwwert interessant Fakten a praktesch Tipps déi weise wéi mir all Waasser spuere kënnen. Et gëtt villes ze entdecken, a mir encouragéieren iech dës Geleeënheet ze notzen. Op als Klass oder alleng, kommt laanscht a kuckt iech dës flott Ausstellung un.