De Centre de Formation pour Conducteurs op Visitt am LRSL

Description


Den 2. Oktober ass de Centre de Formation pour Conducteurs laanscht komm. Si hunn eis 3e Schüler iwwer d’Sécherheet an d’Risiken am Stroosseverkéier opgekläert. No enger kuerzer Opklärungsronn am Festsall kruten si an Ateliere gewisen an erkläert op wat si mussen oppassen. Hannert der Schoul goufen si drop opmierksam gemaach wei wichteg et ass d’Reaktiounszäit an de Bremswee mat anzerechnen. Et waren och zwee accidentéiert Autoen am Schoulhaff ze gesinn, do waren d’Schüler impressionéiert wéi si méi Informatiounen iwwer déi jeeweileg Accidenter kritt hunn. D’Police Grand-Ducale war och dobäi fir eise Schüler op Froe kënnen ze äntweren. Dat impressionanst war awer wuel de Simulator deen sech iwwerschloen huet, an eenzel Schüler hunn sech och hei era getraut, an hu misse feststellen dass dat net sou flott wier, virun allem wann den Auto dann op der Kopp hänke bleift. Mir hoffen dass eis Schüler vill konnte léieren an dass si sech de Geforen op der Strooss elo mei bewosst sinn, op mam Auto oder ze Fouss.

 Retour aux articles