VS 24

Voyage scientifique 24 – 2eBC

Description


Den éischten Dag hunn sech d‘2eme B a C um Findel getraff fir mam Fliger op Montpellier ze fléien. Zu Montpellier ukomm, si mam Bus op hier éischt Destinatioun gefuer, de Gouffre Géant de Cabrespine, wou se bei enger Féierung vun der Entdeckung an den impressionanten Eegenschafte vun dëser Höl gezielt kritt hunn. Dono ass et dann a Richtung Carcassone gaang, wou zwou Schülerinnen eng Visite geplangt hate fir de Schüler den historeschen Hannergrond vun dëser klenger Stiedchen ze ginn. No der Visite konnten d´Schüler dann och nach eleng e bëssen d‘Stad erkënnegen an iesse goen. Nom gudden Owesiessen, geet hire Wee op Toulouse, wou si dann an den Hotel agecheckt hunn.
 

Den zweeten Dag sinn si de Musée Aeoroscopia kucke gaange wou se vun der Concorde bis zu verschiddenen Triebwerken alles gesinn hunn a kruten eng Féierung duerch d'Fabrickshale vun Airbus, wou se souguer de Start vun engem Airbus Beluga konnte live materliewen. Duerno sinn se da bei d‘Cité de L‘Espace gefuer, wou se no engem extrae Securitycheck den 3 Stack grousse Musée erkënnege konnten an zesummen a klenge Gruppen un Ateliere schaffe konnte fir d‘Äerd virun enger Katastroph ze retten. No dëser Visite sinn se dann zréck an déi schéi Stad Toulouse gefuer, wou 3 Schüler dann nees eng strukturéiert Féierung duerch déi flott Stroossen vun Toulouse organiséiert hunn. Mat e bëssen Ongléck mam Wierder sinn se dann duerch Toulouse gelaf fir ee Restaurant ze fanne wou se dann eng gutt Pizza giess hunn. Um Wee zréck fir bei den Hotel konnten se déi schéi Stroossebeliichtung gesinn, déi eng romantesch Ambiance an der Stad kreéiert.
 

3 Dag: De Wee vun der 2ème BC geet dann nees an Direktioun Montpellier mat engem Tëschestopp zu Fonseranes, déi bekannten 9 Schleise kucken ier et op Sète bei den Étang de Thau gaangen ass. Passend zur Géigend konnten si dann Austeren a Mullen ze Mette iessen. Um groussen Innegewässer vum Etang de Thau hunn se eng Féierung mam Boot kritt a sinn d‘Austerbänke kucke gaang. Dann sinn se weider a Richtung Montpellier gefuer a sinn Owes an der Stad iesse gaang.

Um 4. Dag, ass d’Klass 2eBC mam ëffentlechen Transport d’Universitéit de Montpellier kucke gaang wou si eng kleng Féierung duerch de Campus kruten an eng Presentatioun vun der Schoul kruten. Dono huet se de Bus bis op d’Plage du Grau-du-Roi matgeholl wou si an ee Supermarché gaangen si fir alles Méigleches fir ee Picknick um Strand ze kafen. Op der Plage ukomm, gouf Volleyball gespillt, am Mier geschwomm an an der Sonn gebräunt. No dem Spaass beim Mier sinn dann een Deel vun der 2eBC um Päerd eng Tour duerch Camarque maache gaangen an den aneren Deel huet een Tour mam Vëlo ënnerholl. No dëser Aktivitéit ass et da Richtung Aigues-Mortes gaang wou se d’Salins d’Aigues-Mortes mat engem klengen Zichelche kucke waren an d’Salzfabrik vu LaBaleine visitéiere waren. No der Visite an dem Akaf vu „Fleur de Sel“, speziellem Salz mat verschiddenen Goûten, sinn se nach an d’Stad Aigues-Mortes gaang, wou d’Schüler no engem klengem historeschen Hannergrond vu Matschüler d’Stiedche selwer erkënnegen an iesse goen duerften. Spéit am Owend ass et dann zeréck an den Hotel gaang.


De leschten Dag gouf et eng detailléiert Féierung vun dräi Schüler vu Montpellier wou all bekannt Gebaier a Monumenter erkläert goufen. No dëser Féierung konnten d’Schüler dann nach fir 2 Stonnen d’Staat selwer e bësse kucke goen an ee bësse shoppen. Fir Mette huet d’Klass sech op de Wee fir op de Flughafe gemaach wou se dann nees zréck op Lëtzebuerg geflu sinn an do ofgeholl goufe vu Famill a Frënn.

Kim Fisch, 2BC

Fotogalerie

Youtube Video

 Retour aux articles