image00003

De Premier Minister Luc Frieden am LRSL

Description


De 5. Dezember hate mir héije Besuch am Lycée Robert-Schuman. Eise Premier Minister de Luc Frieden koum fir sech mam LRSL_Actionteam4future auszetauschen. No der Mediepresenz vun der Jugenddelegatioun op der COP29 gouf eise Premier Minister op si opmierksam a wollt sech mat hinnen treffe fir iwwer d’Resultater an hier Erfarungen ze schwätzen. Vun eise Schüler waren dréi Stéck op der COP29, de Julien Lemmer Veloso, de Paul Tabacel-Manea an d’Eleonor Borges. Et waren awer och nach zwee aner Schüler dobäi, eng Kéier de Maximilian De Pauw Gerlings aus dem Athenée de Luxembourg, an de Leo Kries aus dem Lycée Aline Mayrich.

D’Directrice Madame Remakel hat dat éischt Wuert, an enger kuerzer Ried huet si d’Engagement vum LRSL_Actionteam4future immens gelueft. Dono krut de Premier Minister Frieden d’Wuert an huet iwwer d’Wichtegkeet vun der Jugend Participatioun geschwat. Doropshin hunn d’Schüler iwwerholl. Si hunn an enger Präsentatioun iwwer hier Erfarungen op der COP29 geschwat, an an engem zweeten Deel, hunn si hier Projeten an zukünfteg Pläng vum LRSL_Actionteam4future virgestallt. Am flottste war awer wuel d’Diskussiounsronn wou d’Schüler vun der 3A-LLCO an 3BC hier Froen a Bedenke konnte matdeelen. Déi ganz Visite gouf vun eiser 2A-LLCO gefilmt an zum Schluss hunn si och nach en Interview mam Premier Minister konnte maachen.

Mir sinn immens houfreg op eis Schüler a mir soen dem Premier Minister Luc Frieden e ganz grousse merci fir séin Interessi un eisem LRSL_Actionteam4future an awer och fir seng Zäit déi hien sech geholl huet. 

Fotogalerie

 Retour aux articles