Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen...
Description
Wéi all Joers hat de Kleeschen de Wee och dëst Joer rëm bis an eise Lycée gepackt. Déi meescht Schüler hunn sech geschéckt, an de Kleesche war immens frou dass hien an eisem Schoulhaff sou schéin empfaange gouf. Dono ass hie mat sengem fläissege Personal, ënnert anerem den Engelen, Elfen a Renndéier duerch d’Klasse gezunn, an do goufe Kamellen an awer och Rutte verdeelt.
Merci Kleeschen, mir freeën eis op d’nächst Joer.