Scheckiwwerreechung vum Erléis vun eisem Wantermaart
Description
Den 21. Januar hate mir d’Scheckiwwerreechung vum Erléis vun eisem Wantermaart. D’Schüler konnten ofstëmmen an hunn sech fir d’Associatioune Wonschstär a Stëmm vun der Strooss entscheet. Déi zwou Associatiounen hunn deen Dag och eng kuerz Präsentatioun gehalen an de Schüler erkläert wéi d’Spende genotzt ginn.
D’Fondatioun Wonschstär erfëllt wéi den Numm et scho seet Wënsch, an dat haaptsächlech deene Leit deenen et duerch eng schwéier Krankheet oder e schlëmme Schicksalsschlag net méi sou gutt geet. An verschiddene Fäll hëllefen si och reegelméisseg Therapien ze finanzéieren, wéi zum Beispill enger Reit Therapie oder reegelméissegem Training fir d’Assistenzhënn.
D’Stëmm vun der Strooss setzt sech fir déi Leit an déi an eiser Gesellschaft benodeelegt sinn. Betraff sinn zum Beispill Sans-abrien, Asylbewerber oder Persounen déi aus physeschen oder psychologesche Grënn ofhängeg sinn an d’Hëllef vun anere Leit brauchen. Ënnert anerem schafft d’Associatioun mat eenzele Betriber zesumme fir d’Liewensmëttelverschwendung ze minimaliséieren. Dat wat d’Leit an de Supermarchéen net méi kafe well et deemnächst ofleeft, gëtt vun hinne verschafft an un déi Leit verdeelt deenen et net sou gutt geet.
Mir si frou dass mir mat eisem Erléis bëssen dozou bei steiere kënnen an deene Leit hëllefen déi et wierklech brauchen, a mir soen e grousse Merci fir Äert Engagement an eiser Gesellschaft.