
First Lego League 2025
Description
Dëst Joer war d'First Lego League Lëtzebuerg den 05.02.2025 am Forum um Campus Geesseknäppchen. Véier vun eise Schüler hunn drun deelgeholl.
Am viraus hunn si sech zesummen all Woch virbereet an e Roboter gebaut an am Lego Spike programméiert. Des Joer war Thema Submerged, wou si hu misse verschidde Missiounen erleedegen an e Fuerschungsprojet virun engem Jury presentéieren. Zwëschent de Challengen konnten si u Workshops deelhuelen.