Bëschdeeg
Eise Bëschdag fänkt moies mat der gemeinsamer Busfaart an de Bësch un. Do ukomm, versammele mir eis all an engem Krees fir eng éischt Riedsronn, wou jidfereen seng aktuell Stëmmung deelen an op Froen äntweren kann wéi "Wéi geet et mir haut?" oder "Ech freeë mech haut besonneg op...". Duerno gëtt oft e kuerzt Spill gemaach, fir Gruppen ze bilden. Dëst fördert d'sozial Kompetenze vun de Schüler a motivéiert si, mat verschiddene Matschüler zesummenzeschaffen.
Et follegt eng méi laang Aarbechtsphas, déi jee no Joreszäit an aktuelle Schoulthema variéiere kann. Beispiller heifir sinn Wiederhuelungsaufgaben a Form vu Spiller, Quizzen, d'Erausschaffe vun neiem Wëssen duerch Stationneléieren oder d'Ufärdegung vun Zeechnungen, wéi z.B. vu Pilzen, Blieder oder Knospen. Am Virmëtteg gëtt eng kleng Iessepaus ageleet, no där eng zweet méi laang Aarbechtsphas ufänkt. An dëser kann en anert Fach oder Thema behandelt ginn, fir de Schüler e breet Spektrum u Léierinhalter ze bidden.Während der Mëttespaus genéissen d'Schüler hieren Picknick am Fräien. Duerno bleift oft Zäit fir eng Wiederhuelungsübung, e Spill oder eng Ofschlossronn, an där déi wichtegst nei geléiert Inhalter nach eng Kéier besprach ginn.
Ier mer de Retour bei de Bus ugoen, fënnt eng ofschléissend Riedsronn statt. Hei hunn d'Schüler d'Méiglechkeet, hir Andréck vum Dag ze deelen, Neies ze reflektéieren an Verbesserungsvorschléi ze maachen.