7e - Visite bei der Superdreckskëscht

E Méindeg de 19. Februar 2024 si mir d' SDK op Colmer-Bierg besiche gaangen.  Am Ufank ass d' Klass an zwee gedeelt ginn an e Grupp ass dunn mam Moniteur Jannik op d’ Visite gaangen. Déi zweet Hallschent huet e Quiz gemaach wou mir informéiert goufen, wéi vill e Mënsch am Duerchschnëtt vun Knascht produzéiert an wat duerno mam Offall geschitt. Du krute mir eng Warnwest an e Schutzbrëll a sinn och op de Wee gaang. Wéi mir an der Lagerhal ukomm sinn krute mir erkläert, wéi déi eenzel geféierlech Stoffer gelagert ginn. No der Visite si mir dann op den Bus gaangen an zeréck an d‘ Schoul.

(Text: Hannah Robinet, Gustavo Jesus Mendes 7C4)

 


 

Visite bei der SDK

Am Montag, den 29. Januar 2024 sind wir mit unserer Klasse, der 7C2, zur SDK (SuperDrecksKescht) gefahren. Begleitet haben uns Herr Kinn und Herr Gardin. Zuerst sind wir über den Hof zur Rezeption gegangen, dort wurden uns Jennifer und Natascha vorgestellt. Die beiden Frauen haben uns erklärt was die SDK eigentlich macht und andere Informationen gegeben. Eine Information war zum Beispiel, dass Recycling zwar gut, aber nicht ideal ist und Vermeidung an erster Stelle stehen soll.

Nach dieser Einführung haben wir die riesigen Lagerhallen besichtigt. Die SDK ist eigentlich ein Zwischenstopp für Müll wie zum Beispiel für Lacke, Batterien, Pestizide, Öle, …. Bevor alles weitergegeben wird, z.B. zu spezialisierten Firmen im Ausland, wird das Ganze analysiert. In den Regalen ist alles geordnet; auf der einen Seite stehen die Abfälle die weggeschickt werden können und auf der anderen Seite wird alles gelagert was noch nicht untersucht wurde.

Der Boden in der Lagerhalle, ist ein Blitzableiterboden, damit keine Unfälle passieren können und bei den Türen gibt es extra Barrieren welche eventuell entstehende Brände eindämmen und verhindern sollen, dass schmutzige Abwässer in die Umgebung laufen können. Dies sind nur zwei von vielen Sicherheitsmaßnahmen.

Ein alles in allem sehr interessanter und lehrreicher Besuch bei der SDK.

(Bericht verfasst von Lilly Hennes 7C2)


 

Atelier vun der SDK

Eng Woch no der Visite war den 2. Deel vun dem SDK-Projet. E Responsabelen ass bei eis an d’ Schoul komm. Mat him zesummen hu mir iwwer d’ Ressourcen déi mir am Alldag benotzen geschwat, wei zum Beispill Pabeier, Glas a Bauxid. Fir dass mir eis en bessert Bild konnte maachen, huet den Här eis en Spill ausgedeelt. Do missten mir Saache bauen mat verschiddenen Ressourcen.   Bei alle Gruppen huet d’ Spill domat opgehal, dass alleguerten d‘ Ressourcen opgebraucht waren. Duerno misste mir eng kuerz Presentatioun iwwert den Kreeslaf vun enger bestëmmter Ressource beim Recycling preparéieren an duerno virdroen. Sou sinn déi 2 Stonnen wei am Flug vergaang.

(Text: Lilly Hennes, Lena Kneip 7C2)

Fotogalerie


 

Visites 6e Green Days 2024

Am Kader vun de Green Days waren ons 6e Klassen  den  2ten an 6ten Februar bei de Syndicat des Eaux du Sud Koerich (SES). Hei kruten si no enger theoretescher Aféierung gewise wéi Quellewaasser aus dem lëtzebuerger Sandsteen gefaasst, opbereet an an d’Leitungsnetz agespeist gëtt. No der Visite zu Käerch vun der Pompelstatioun an nodeems all d’Schüler eng Quellefaassung vu banne konnte kucken, stoung nach eng Visite am Reservoir um Réibierg (Hivange) um Programm. Hei kruten ons Schüler gewise wéi esou e Reservoir opgebaut ass, an zum Schluss konnte si och e Bléck aus der Spëtzt vum Reservoir werfen an dobäi e schéine Panorama genéissen.

Fotogalerie


 

Green Days op der 5e

De Workshop op der 5e huet follgend dräi Themen behandelt:
 

1) “Comprendre le changement climatique”:

D’ Schüler kruten en Abléck an den Klimawandel an déi doraus resultéiert humanitär an wirtschaftlech Krisen unhand vun engem Kléngbauer aus Karatu (Tansania). Dono hunn d’ Schüler missen selwer iwwert hiren Roll an der ganzer Klimakris nodenken.
 

2) “Der wirkliche Preis meines Handys”

An dësem Workshop hunn d’ Schüler al Handyen auserneen gebaut fir ze kucken wéi eng Ressourcen fir déi eenzel Komponenten benotzt goufen an wéi déi Ressourcen gewonnen gi sinn. Zum Schluss gouf d’ Gewënnung vun den Materialien unhand vun engem Film iwwert d’ Exploitatioun vun enger Minne am Kongo gewisen.
 

3) ”Mit dem Smartphone für mehr Nachhaltigkeit”

D’ Schüler kruten en Abléck wéi een de Smartphone nohalteg notze kann an hunn sech kritesch mat den diversen Medien an Informatiounen auserneen gesat. De Smartphone als “Segen” an net als “Fluch” ze gesinn, dat war d’ Zil vum Workshop.


 

Green Days op der 4e