Communication et Média
D’Fach „Communication et Média“ kënnt als neit Fach op eiser Sektioun A derbäi, an ass op 2ème a 1ère eent vun den Haaptfächer nieft dem Engleschen.
De Cours „Communication et Média“ gëtt et nieft eiser A och op der Sektioun I. De Programm ass identesch. D’Fach liwwert fir eis globaliséiert Welt wichteg a modern Kompetenzen. Mat Themen aus der Rhetorik, der Filmwëssenschaft, dem Marketing, der Psychologie, dem Journalismus oder och der Fotografie liwwert dëst Fach en ëmfangräichen an zäitgeméissen Abléck an déi wichtegst Beräicher vun der Kommunikatioun.
Just am LRSL gëtt et zousätzlech och nach de praktesch orientéierte Cours „Pratiques des Médias“. An dësem sollen d’Schüler selwer aktiv schaffen a praktesch Aarbechte produzéieren.
Kommunikatioun a Medie sinn e wichtege Bestanddeel vu quasi all Beruff an eiser Gesellschaft, an d’Schüler kréien an dëse Fächer dofir wichteg Fachkompetenze mat op de Wee.
An dëse Fächer komme reegelméisseg Invitéen an den LRSL. Esou hunn d’Primaner beispillsweis konnten üben ewéi een en Interview féiert, an duerno doriwwer en Artikel schreift, wéi den eemolege Spioun Gerhard Beier op Besuch war an aus sengem beweegte Liewen erzielt huet.
D'Primaner waren ausserdeem op engem Marketingseminar. Dëst Joer kruten d'Schüler de Marketing vun "Lodyss" virgestallt. Si konnten souwuel déi aktuell Marketingstrategie analyséieren, mee och en Abléck kréien ewéi déi nach relativ jonk Marque kreéiert ginn ass.