Litterature comparée

Déi däitsch a franséisch Komparatistik baséiert op dem Hannergrondwëssen an op de Kompetenzen, déi Schüler*innen sech am Laf vun hirer Lycéescarrière an den traditionelle Sproochen- a Literaturcoursen uneegnen. 

Engersäits schafft d’Komparatistik zanter ville Joren interliteraresch, andeem si eenzel Texter awer och gréisser literaresch Wierker aus ënnerschiddleche Kulturen, Epochen a Länner matenee vergläicht.

Anerersäits ass déi modern Literatur- a Mediekomparatistik transliteraresch ausgeriicht:

Gezielt ginn hei  Texter a Bicher a Relatioun gesat:

  • zu Medie wéi Film, Foto, Molerei a Musik,
  • zu Konzepter an Erkenntnisser aus aneren Disziplinne wéi Psychologie, Soziologie, Biologie, Philosophie, Theologie, Geschicht, Geographie,
  • an zu munch aneren, gesellschaftlech relevanten  Domainer an Theme wéi Politik, Sport, Genderfuerschung, Ëmwelt, Ernärung

Op déi Manéier fërdert d’Komparatistik d’Allgemengbildung an déi interdisziplinär Kompetenze vun all Schüler*in a bereet di Jonk op di villfälteg Erausfuerderungen an eiser globaliséierter an digitaliséierter Welt vir.