Mediendeeg


D‘3A-LLCO huet ëmmer schonn um Ufank vum Schouljoer e sougenannte Mediendag. E Schouldag also ganz am Zeeche vun neien an ale Medien. 

D‘Schüler léieren a klenge Gruppen a verschiddenen Ateliere Basiswëssen am Ëmgang mat Film, Fotografie, Radio a Schreifmedien.

Esou léieren si fréi, dass ënnerschiddlech Medie ganz ënnerschiddlech Schwéierpunkte setzen, an si verbannen Theorie a Praxis, an dem si selwer dat Geléiert och direkt uwenden.

Dëst Joer hunn d’Schüler vun der 3ème selwer e Bäitrag fir den RTL Radio opgeholl, si hunn d’Fotografie méi genau studéiert an e Basiswëssen an der Filmproduktioun geléiert. Esou hunn si scho fréi op der 3ème dat néidegt Basiswëssen fir och praktesch an de verschiddene Beräicher vun de Medie schaffen ze kënnen.

Op der 2A-LLCO waren d‘Mediendeeg direkt op zwee Deeg. Hei hunn d’Schüler d’Méiglechkeet um Terrain Erfarung ze sammelen.

   


D‘2ème huet déi zwee lescht Deeg virun der Ouschtervakanz 2024 domadder verbruecht eng politesch Talkshow ze produzéieren. D’Schüler hunn dobäi souwuel de journalisteschen Aspekt ausgeschafft, also sech ënner anerem Froe fir den Talkshow-Gaascht iwwerluecht, awer och Clippen produzéiert a gefilmt, an ausserdeem och déi ganz Talkshow duerno gefilmt, inzenéiert an d’Regie gefouert.

D’Schüler vun der 2ème konnten esou léieren ewéi komplex d’Aarbecht un engem Filmset ass, awer och hiert Wëssen aus hire Kommunikatiounscoursen benotzen, a gesinn ewéi ënnerschiddlech Biller a Sprooch agesat musse ginn.